Erreecht Är Ziler mat engem Programm op d'Mooss

Kontaktéiert mech

Erreecht Är Ziler

Dir wëllt méi aktiv ginn? Mat Sport erëm ufänken? Oder Dir wëllt Iech einfach besser spieren? Dir hutt Ziler, mä Dir wësst net, wéi Dir se erreeche kënnt? Duerch e personaliséierten Training an eng personaliséiert Berodung ënnerstëtzen ech Iech Är Objektiver ze erreechen, egal wat Ären Alter oder Ären Niveau ass.

E prezisen Zäitplang

An engem éischte Rendezvous setze mir en Zäitplang op, deen Ären Disponibilitéiten an Ziler ugepasst ass. D'Frequenz an d'Intensitéit ginn un Är Besoinen adaptéiert.

Dobaussen

Keen Training am Fitnesssall. D'Séancë fannen dobausse statt, zu Fouss, mam Vëlo, am Bësch… Dir maacht Progrèsen an der frëscher Loft a genéisst gläichzäiteg d'Natur.

Wie sinn ech?

Ech sinn diploméiert vum Institut national des sports. Jorelaang war ech als Fussballstrainer täteg, dat souwuel am Jugend- wéi am Erwuesseneberäich. Ech hu Sécherheetsagente trainéiert. A wärend 25 Joer hunn ech och Sports- an Aquagymscoursë fir Seniore ginn.

Haut kommen ech zeréck op ee vu mengen éischten Interessien: individuell Sportscoursen. Egal wéi al Dir sitt oder wéi en Niveau Dir hutt, zéckt net fir mech ze kontaktéieren. Ech ënnerstëtzen Iech, Är Ziler ze erreechen.

Roberto Traversini

Kontaktéiert mech

Individuellen Training

Evaluatioun vun Ären Ziler

Eng adaptéiert Frequenz

Method a Fonctioun vun Äre Besoinen

Accepter en toute tranquillité de ne pas être parfait. D'ailleurs en certains circonstances, un défaut peut devenir un atout.

Catherine Rambert

Roberto Traversini
Tel: 661 235 005

Please wait...